Chorale Wormer

Wou sinn ech ?  Home > Geschicht > Eng Chorale mixte
top

Wéi 10 Joer spéider op en Neits d'Sängerzuel gesonk ass, gouf d' Aféiere vun enger Chorale mixte an d'A gefaasst. De 27. September 1973 wor déi éischt offiziell Prouf vun der nei geschafener Chorale Mixte, déi Ufank 1974 hiren éischten Optrëtt hat.

Ënnert der Leedung vum Pierre Rech goufe Wonschconcert'en, thematesch oder spirituell Concert'en opgefouert. 1993 gouf den Dirigent Pierre Rech mat engem Gala-Concert fir seng 30- jähreg Tätegkeet geéiert.

1994 huet de Michel Ronkar d'Geschécker vun der Chorale iwwerholl.
Ënnert him gouf déi Traditioun vu „Concert spirituel" a Concert mat engem speziellen Thema virugefouert, wéi z.B. „Schaff ahoi ! ", „Wormer Express", „Wormer am Sambaféiwer" , „Oper an Operett"...

Ganz besonnesch a gudder Erënnerung bleiwen déi schéi Bühnendekoratiounen, déi den Dirigent ëmmer selwer entworf an ausgefouert huet.

Am Joer 2005 gouf hien ofgeléist vum Thomas Rieff, engem Musiker aus Däitschland. Ënner sénger Leedung gouf, ënner anerem, den CD vun de "Musellidder" opgeholl.

Vu Mee 2009 bis Abrëll 2011 huet de Jean Gehlen d'Geschécker vun der Chorale geleet.

De John Rodenbour huet sech ugebueden, fir den Interim ze machen, an huet de Chouer während 7 Méint geleet, a bei all sengen offiziellen Optrëtter begleed.

Ivan Boumans
Iván Boumans

Den 28. November 2011, huet e jonke Museker, den Iván Boumans (www.ivanboumans.com) d'Direktioun vun der Chorale iwwerholl. Vu September 2016 bis den 9. Juni 2018 huet d'Steffi Schlink dem Iván Boumans ënner d'Äerm gegraff, andems sie d'Leedung vum Chouer bei senge kierchlechen Optrëtter iwwerholl huet. 

 

« prev top next »
top

Aktuell


So. 7. Juli - 2024

Donatusmass Koeppchen


8. Juni - 2024

 !! Gewënner Tombola 2024 !!


Verdéngschtvoll Membere kruten eng Medail ...

 

top

<< Juli >>
Mo Di Mi Do Fr Sa So
1 2 3 4 5 6 7Mass Donatusmass
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 30 31  

August
  1 2 3 4
5 6 7 8 9 10 11
12 13 14 15 16 17 18
19 20 21 22 23 24 25
26 27 28 29 30 31  

Zitate:

Die Musik drückt das aus, was nicht gesagt werden kann und worüber zu schweigen unmöglich ist.
 

 

 
top

Powered by CMSimple | by Jim (2023)| Login