Chorale Wormer

Wou sinn ech ?  Home > Geschicht > Nei Dirigentin
top

No dem Galaconcert "Goodbye, Ivan" den 9. Juni 2018, wou den Ivan Boumans säi läschten Optrëtt als Dirigent vun der Wormer Chorale hat, iwwerhëlt d'Steffi Schlink d'Direktioun vum Chouer.Vill Chance huet d'Chorale, datt si op den talentéierte Luc Rollinger als Organist a Pianist kann zréckgräifen.

Steffi Schlink
Steffi Schlink

Der Chorale war et dacks gegënnt, am Radio oder op der Televisioun opzetrieden; hir Lidder goufen och op Cassette an esouguer op CD opgeholl.

Musikalesch Héichpunkter an Erliefnesser waren ouni Zweifel der Chorale hir Fréijoersconcert'en déi all Joer am Mee ënnert engem Thema ofgehale ginn, sou wéi déi 9 Concerts Spirituels, déi ëmmer vu renomméierte Musiken an Ensembele begleet goufen.

Dës Concert'en hunn ëmmer groussen Uklang beim Publikum fonnt, deen iwwer d' Qualitéit vun de Leeschtungen ëmsou méi beandrockt war, wann ee bedenkt, dass ëmmer nëmmen op Solisten aus dem eegene Chouer zréckgegraff gouf.

Der Chorale hir Gebuertsdeeg goufe regelméisseg gefeiert: 1975 den 125.,1985 den 135. an am Joer 2000 den 150. Anniversaire. Bei där Geleeënheet krut d'Chorale och en neie Fändel.

Ofschléissend bleift nach ze ernimmen, dass déi Wormer Sängerinnen a Sänger niewent Concert'en och de musikaleschen Encadrement vu feierleche Massen a kierchleche Feierlechkeete wéi Kanddafen, Hochzäiten a Begriefnesser an der Wormer Por iwwerhuelen.

Selbstverständlech gëtt och all Jor bei der Donatusprëssessioun op der Koeppchen a bei der Berrger Körmes gesong.

« prev top next »
top

Aktuell


So. 7. Juli - 2024

Donatusmass Koeppchen


8. Juni - 2024

 !! Gewënner Tombola 2024 !!


Verdéngschtvoll Membere kruten eng Medail ...

 

top

<< Juli >>
Mo Di Mi Do Fr Sa So
1 2 3 4 5 6 7Mass Donatusmass
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 30 31  

August
  1 2 3 4
5 6 7 8 9 10 11
12 13 14 15 16 17 18
19 20 21 22 23 24 25
26 27 28 29 30 31  

Zitate:

Die Musik drückt das aus, was nicht gesagt werden kann und worüber zu schweigen unmöglich ist.
 

 

 
top

Powered by CMSimple | by Jim (2023)| Login